BLEIWT SIICHTBAR

BLEIWT SIICHTBAR

Dei däischter Joreszäit ass amgaangen, a leider komme mir em dess Zäit net derlaanscht och alt mol mat eisen Muppen am däischteren ënnerwee ze sinn. Dermat äre Léifsten gutt siichtbar bleift, proposéieren mir iech d’Halsbänner vun Leuchtie. Dess Halsbänner gin et entweder mat USB-Chargeur (Leuchtie Premium Easy Charge, Leuchtdauer ca 25 Stonnen) oder mat AAA-Batterie (Leuchtie Plus, Leuchtdauer ca 100 Stonnen).  Ett kritt een se an deene verschiddensten Faarwen. Dei bescht siichtbaarst Faarwen sin gréng (mat transparentem Schlauch), türkis, Lavendel (transparenten Schlauch), blo (transparenten Schlauch), tannengrün.

 

 

D’Gréissten gi vun 35-70cm (35cm, 37.5cm, 40cm, 42.5cm etc) an de Präis vum Leuchtie Premium ass 55.55€ an de Leuchtie Plus ass 43.99€

Ett gin natiirlech och Leuchtien fir kleng Muppen: Leuchtie Mini mat AAAA-Batterien (25cm, 27.5cm, 30cm, 32.5cm) Präis: 36.99€

Fir dei passend Gréisst ze fannen, moosst dir ärem Hond säin Kapp op der breetster Platz. De Leuchtie gëtt nämlech einfach iwwert de Kapp gezunn, an dofir ass ett wichteg, dass een de Kapp op där breetster Platz enk moosst an dann dei Gréisst wielt, die am noosten dobäi ass.

 

Eng aner Méiglechkeet fir siichtbar ze bleiwen ass eng Secherheetswest. Genau wei fir d’Leit, gin ett déi och fir eis Muppen.

D’Secherheetswest vun Ruffwear gett ett a folgenden Gréissten:

XXS (33-43cm), XS (43-56cm), S (56-69cm), M (69-81cm), L (81-91cm), XL (91-107cm)

Fir dei passend Gréisst fir äre Muppe ze fannen, moosst w.e.g de Bauchëmpfang wéi hei um Bild gezeechent.

De Präis ass 64.90€

Ett gin natiirlech och Lenkten an Halsbänner mat integreierter Luut. Och dëss sin mat USB luedbar. Den Halsband gëtt ett an de Gréissten S (30-40cm), M (40-50cm) an L (50-70cm) De Präis vun der Lenkt ass 39.90€ an den Halsband kascht am S 19.90€, M 20.90€ an L 21.90€ 

Retour au blog